De Centre Saint Martin

De Centre Saint Martin läit am Zentrum vun der Stad Diddeleng a gëtt vun den Oeuvres Paroissiales Saint Martin verwalt. Iwwert d’Joren 2018-2021 ass de Centre an engem Neibau entstanen. Zesumme mam Parbüro vun der Par Saint Martin ass eise Centre um Rez-de-Chaussée vum Gebai. Op den Etagen driwwer befënnt sech abordabele Wunnraum. De Centre Saint Martin huet e grousse Sall mat enger Bühn mat moderner Technik, e Foyer an eng professionell ausgestatte Kichen.

De Centre Saint Martin gëtt verlount fir Versammlungen, Concerten, Ausstellungen, Theateropféierungen, Familljefester, asw.

Adress:

2 Rue Antoine Zinnen
L-3597 Dudelange
Luxembourg