De grousse Sall / de Festsall

– De grousse Sall am Centre Saint Martin huet eng Gréisst vu 14 op 14 m an ass 2,80 m héich.

– Am Sall fanne bis zu 150 Leit eng Sëtzplaz. Et stinn och ingesamt 60 Dëscher zur Verfügung fir am Sall opzestellen.

– Virun der Bühn hänken 2 x 65″ grouss LED Fernseher, mat HDMI an USB Uschloss.

– Ronderëm d’Contourë vun eisem Sall ass eng professionell Soundanlag installéiert.

– D’Bühn huet eng Gréisst vu 5 x 8,40 m.

– Op der Bühn ass fir déi néideg Beliichtung gesuergt, Mikroe sinn natierlech och do a si mat der Soundanlag am Raum gekoppelt.

– E Beamer mat enger grousser, elektresch erausfuerbarer Leinwand suergt dofir, dass een och nach hannen am Sall alles gutt erkenne kann.

– De Festsall ass behënnertegerecht accessibel.

– Am ganze Centre Saint Martin ass et verbueden ze fëmmen!

– Eng Reservatioun ass noutwendeg fir vun eisem Festsall kënnen ze profitéieren!