– D’Entrée vum Centre Saint Martin fënnt ee rietserhand vun der Diddelenger Parkierch.

– De Centre Saint Martin ass iwwert e puer Träpplecker erreechbar, de Foyer ass awer och behënnertegerecht accessibel.

– Am Foyer befanne sech sanitär Ariichtunge mat enger Behënnertentoilette a Wéckeldësch, eng Garderobe an eng Buvette.

– De Comptoir, mat senger Zapanlag an de Gedrénksfrigoen, suergt dofir, dass all Gedrénks ëmmer gutt gekillt ass.

– Ee Fernseh mat HDMI an USB Uschloss hänkt och hei.

– D’Telé vun der Post erméiglecht et, fir interessant Fernsehsowender am mëttelgrousse Krees ze verbréngen.

– Eise Foyer ass ausgeriicht fir 25 Persounen.

– Am Foyer kënnen och Versammlungen ofgehale ginn, souwuel vun den Associations membres vun den Oeuvres Paroissiales vun Diddeleng, wéi och vun aneren Associatiounen a Privatleit. Eng Reservatioun ass noutwendeg.

– Am ganze Centre Saint Martin ass et verbueden ze fëmmen!