Reservatioun
Fir de Centre Saint Martin ze lounen, fëllt w.e.g. de Formulaire ënnert dem Kalenner aus. Am Kalenner klickt Dir deen oder déi Deeg un, déi Dir reservéiere wëllt. Mir mellen eis dann esou séier ewei méiglech bei Iech!
( Am Fall wou Dir vun eis bannent 10 Deeg keng Äntwert kritt hutt, zéckt net Iech per Telefon bei eis ze mellen. )
Événementer wou erlaabt sinn:
- Theatersoireeën – ouni Dëscher
- Concerte mat Sëtzplazen – ouni Dëscher
- Réunioune mat Sëtzplazen – ouni Dëscher
- Konferenze mat Sëtzplazen – ouni Dëscher
- Familljefeieren:
- Gebuertsdeeg (Feiere fir en 18te Gebuertsdag sinn net erlaabt)
- Daf
- Kommioun
- Départ an d’Pensioun
- Apéro fir eng Hochzäit oder soss eng Geleeënheet (d’Hochzäitsfeiere selwer sinn net erlaabt)
Maximal Unzuel u Leit wou erlaabt sinn:
Déi maximal Unzuel u Leit, déi fir e Fest oder eng Manifestatioun autoriséiert sinn (ausser bei den Theaterowender / Concerten, Versammlungen a Konferenze mat Sëtzplazen an ouni Dëscher / Apéritif) ass strikt limitéiert op maximal 72 Leit!
Bei Theaterowender, Concerten, Konferenzen (mat Sëtzplazen an ouni Dëscher) oder Apéritiven däerfe maximal 150 Visiteuren oder Gäscht am Sall sinn.